LGE Chrëschtmoart

Den LGE Chrëschtmoart ass mëttlerweil eng fest Traditioun am Schoulliewen a bitt der ganzer Schoulcommunautéit d’Geleeënheet, sech fir de gudden Zweck anzesetzen a sech an enger gemittlecher a festlecher Atmosphär ze treffen.

All Joer engagéieren sech Schülerinnen a Schüler aus verschiddene Klassen, zesumme mat hire Professeren, fir eng grouss Villfalt u Stänn op d’Been ze stellen. D’Offer ass dobäi besonnesch ofwiesslungsräich: vu Konschthandwierk an originelle Kaddosiddien iwwer Spiller an Aktivitéite bis hin zu kulinaresche Spezialitéiten a waarmen a kale Gedrénks ass fir jiddereen eppes dobäi.

De Chrëschtmoart lieft virun allem vum Engagement vun de ville Bedeelegten. Donieft droen och d’Direktioun, d’Schoulservicer, de Service technique, d’Elterevertriedung APELGE, de Professeschkommitee ASSPRO, d’Amicale vum Escher Kolléisch AVEK an eng Rei weider Fräiwëlleger all Joer zum Gelénge vun dësem Event bäi. Och den Uelzechtkanal an eis Mediebeoptraagte suergen dofir, datt déi schéin Amenter festgehale ginn.

Den LGE Chrëschtmoart ass domat net nëmmen eng flott Geleeënheet, fir zesummen d’Adventszäit ze feieren, mee och e Beispill fir de staarke Gemeinschaftsgeescht an den Asaz, déi eis Schoul auszeechnen.