den Uelzechtkanal op:

Uelzechtkanal

Wat ass den Uelzechtkanal?

Den Uelzechtkanal ass de Fernseesender vum LGE. Schüler vun 3e bis 1re realiséieren all Mount eng nei Emissioun. Si schaffen un Themen déi si sech selwer eraus sichen. Si verwierklechen hier Visioun, ënnert der Opsiicht vun den Enseignanten, duerch d’Organiséieren, d’Plangen, d’Filmen, d’Schneiden, an alles wat soss nach dozou gehéiert. Et ass en Optiounsfach dat de Schüler erméiglecht praktesch Erfarungen ze sammelen, well den Uelzechtkanal an engem professionelle Kader schafft.

D‘Sendung kënnt Där zu folgenden Zäite kucken :

Um Lëtzebuerger Kanal
Méindes 18 bis 19 Auer, 20 bis 21 Auer
Dënschdes 10 bis 11 Auer, 20 bis 21 Auer, 22 bis 23 Auer
Donneschdes 20 bis 21 Auer, 22 bis 23 Auer

Um RTL
Samschdes 16 bis 17 Auer

A falls Där eis wéilt schreiwen :

Uelzechtkanal Asbl
71, rue du Fossé
L-4123 Esch-sur-Alzette

uk@lge.lu

D’Ekipp vum Uelzechtkanal 2026/2027:

© Emile Hengen

2021 krut den Uelzechtkanal de « Mérite Culturel Jeunes » vun der Escher Gemeng :

source : Tageblatt 29.11.2021 page 14

Den UK an engem Video vum Escher Blog : (liest de ganzen Artikel hei : blog.esch.lu) (März 2021)