Les cours facultatifs
Les élèves intéressés aux cours facultatifs et aux activités parascolaires suivantes sont priés de s’inscrire dans les meilleurs délais.
nicht löschen
3D Modelisatioun & 3D Drock vun enger Figurine („Funko Pop“, Miniaturen, asw.)
Bezeechnung vum Cours:
3D Modelisatioun & 3D Drock vun enger Figurine („Funko Pop“, Miniaturen, asw.)
Titulaire: Gross Raoul
Wochendag: Dënschden
Horaire: 14:25-15:30
Sall / Plaz: Sall « Mac » (1047)
Maximal Schülerunzuel: 12
Zilsetzungen an Objektiver vum Cours:
Zesummen entdecke mer déi faszinéierend Welt vum 3D. Dobäi ass eist Zil, fir um Enn vum Schouljoer eng eege Figurine (Beispill: „Funko Pop“) an den Hänn ze halen. Eis Rees start mam TinkerCAD, engem 3D-Programm, dee fir Schüler geschriwwe ginn ass an dofir einfach ze gebrauchen ass. All Participant kritt e perséinlechen Zougangscode fir och doheem kënne weiderzeschaffen, falls gewollt, well Hausaufgabe ginn et keng.
Zilpublikum: 7e bis 1re

Atelier d’écriture poétique (à partir de 5e)
Bezeechnung vum Cours: Atelier d’écriture poétique
Titulairë: Valérie Hoff/ Raoul Trentin
Wochendag: Mëttwoch
Horaire: 14:25-16:10
Sall / Plaz: Sall 304
Maximal Schülerunzuel: n. d.
Zilsetzungen an Objektiver vum Cours:
D’Schülerinnen an d‘Schüler solle fir d‘Schreiwen (Poesie, Prosa, asw.) sensibiliséiert ginn, andeems si verschidde Schreiftechniken entdecken an dës an Übungen uwenden. D‘Zil ass et, eng Sammlung mat de beschten Texter vun de Participanten zesummenzestellen.
Zilpublikum: 5e bis 1re
Book Club (4e-1ère)
une fois par mois le jeudi (14h25 – 16h00)
CDI (N. Bregoli / M. Moos Schmit)
Book Club JUNIOR (7e-5e)
une fois par trimestre le jeudi (14h25 – 16h00)
CDI (N. Fiedler)
Debattéier-Club
Titulaire du cours : Daniel Luciani
Horaires : Mercredi, 14h25 – 15h15
Salle/ Lieu : CDI
Finalités et objectifs du cours:
- Léieren, seng eege Meenung auszedrécken an un enger Diskussioun deelzehuelen;
- Seng Argumentatioun entwéckelen a verbesseren;
- Léieren, aner Meenungen ze akzeptéieren an d‘Meenungsfräiheet an enger demokratescher Gesellschaft ze schätzen.
Public cible:
7e bis 1re

Theater – DramatEsch
Titulaires du cours: Christine Breckler/ Carla Lucarelli
Horaires: Mardi, 14h25 – 16h10
Salle/ Lieu: Salle des fêtes
Nombre maximal d’élèves : /
Finalités et objectifs du cours:
Léieren op enger Bün ze stoen, virun engem Publikum sech ausdrécken, seng däitsch an/ oder franséisch Diktioun verbesseren.
Diktioun, Improvisatioun, d’Basë vum Schauspill léieren, Zeene spillen aus Theaterstécker an zum Schluss viru Publikum optrieden.
Public cible:
All Schülerinnen a Schüler, ob mat oder ouni Theatererfarung, vu 7e bis 2e.

Groupe Geoghelli
Titulaires du cours: Cynthia Knoch (théâtre & vocal coach), Valérie Bosseler (théâtre coach), Chrissi Welter (dance & movement coach), Jessica Balog (make-up & costume coach)
Horaires: Vendredi, 14h25 – 16h00
Salle/ Lieu: Festsall / Villa Koch
Nombre maximal d’élèves : 25
Finalités et objectifs du cours:
Workshops am Schauspill, Gesang, Danz, Grimmage, Bünentechnik, Dekor a Requisittebau mat der Finalisatioun vun der Opféierung vun engem satiresche Musekstheaterowend
Public cible:
7e bis 1re
Initiatioun an déi chineesesch Sprooch
Titulaire du cours: Jochen Schaaf
Horaires: Mëttwoch, 14:25-16:10
Salle/ Lieu: Villa Koch
Nombre maximal d’élèves : 18
Finalités et objectifs du cours:
Chineesesch Ëmgangssprooch, geschwat a geschriwwe mat chineeseschen Zeechen
Public cible:
7e bis 1re
Initiatioun an de Reportage – Video
Bezeechnung vum Cours
Initiatioun an de Reportage – Video
Titulaire: Mersch Gianni
Wochendag: Mëttwoch
Horaire: 14:25-16:00
Sall / Plaz: Villa Koch (UK 2. Stack)
Maximal Schülerunzuel: 12
Zilsetzungen an Objektiver vum Cours
Hei kritt een e kuerzen Abléck an d‘Filmen an d‘Schneide vu Videoen. Et gëtt mat Kamera a mam Smartphone geschafft.
Zilpublikum
7e bis 1re
Japanesch
Bezeechnung vum Cours: Japanesch
Titulaire: Adrian Kiyomi
Wochendag: à déterminer
Horaire: 14:25-16:10
Sall / Plaz: Sall 114
Maximal Schülerunzuel: n. d.
Zilsetzungen an Objektiver vum Cours
Aféierung an d’Japanescht
Zilpublikum:
7e bis 1re
Langue portugaise et cultures lusophones
Bezeechnung vum Cours
Langue portugaise et cultures lusophones
Titulaire: Alves Carmen
Wochendag: Donneschden
Horaire: 14:25-15:30
Sall / Plaz: Sall 116
Maximal Schülerunzuel: 16
Zilsetzungen an Objektiver vum Cours:
Dëse Cours facultatif vun der portugisescher Sprooch a Kultur verfollegt e schrëttweisen a prakteschen Usaz, deen et de Schülerinnen a Schüler erméiglecht, d‘Grondlage vun der portugisescher Sprooch unhand vun Alldagssituatiounen ze léieren.
De Schwéierpunkt läit op dem Lauschteren an dem Schwätzen. Mat Hëllef vun einfachen Ausdréck, kuerze Sätz an Audio- a Videomaterial, dat online disponibel ass, maachen d‘Schülerinnen a Schüler sech mat de wichtegsten Ausdréck aus dem Alldag vertraut. Dëst schaaft eng zolidd Basis fir hir mëndlech Kommunikatioun an hire weidere Fortschrëtt an der portugisescher Sprooch.
Portugisesch léieren ass gläichzäiteg eng perséinlech an eng berufflech Beräicherung, e Pluspunkt am CV an e Virdeel, deen iech den Alldag zu Lëtzebuerg (an doriwwer eraus) erliichtere kann.
Zilpublikum:
vu 7e bis 1re

Lëtzebuerger Schreifweis
Titulaire du cours : Géraldine Karier
Horaires : Mercredi, 14h25 – 15h15
Salle/ Lieu : 123
Finalités et objectifs du cours:
Um Enn vum Cours kennt jiddereen déi wichtegst Reegelen, no deenen d’Lëtzebuergescht geschriwwe gëtt, a weess och, wou een d’Schreifweis vun eenzelne Wierder nokucke kann.
Public cible:
Jiddereen, deen un der Schreifweis vum Lëtzebuergeschen interesséiert ass, kann um Cours deelhuelen.

MATh.en.JEANS
Familljennumm vum Titulaire / vun den Titulairë vum Cours: Coursimault
Virnumm vum Titulaire / vun den Titulairë vum Cours: Céline
Wochendag: Freiden
Horaire: 14:25-15:30
Sall / Plaz: Sall 204
Maximal Schülerunzuel: 20
Zilsetzungen an Objektiver vum Cours: Den Atelier MATh.en.JEANS erméiglecht et de Schülerinnen a Schüler, Mathematik op eng aner Aart a Weis ze entdecken, andeems si selwer Fuerschung bedreiwen. Dobäi ginn hire Virwëtz, hir Selbstännegkeet an hir Kreativitéit gefërdert. Ënnert der Leedung vun enger Mathematiksenseignante an engem Fuerscher vun der Universitéit schaffen d’Participanten a klenge Gruppen u Fuerschungsfroen, déi hirem Niveau ugepasst sinn. Am Laf vum Schouljoer tausche si sech mat Schüler aus anere Gebaier aus a presentéieren hir Aarbechten op engem wëssenschaftleche Kongress. Als Ofschloss verfaasse si en Artikel, an deem si hir Resultater dokumentéieren – ganz am Sënn vun echte Fuerscherinnen a Fuerscher.
Zilpublikum:
7e bis 1re
Den Atelier ass fir all Schülerinnen a Schüler, onofhängeg vun hire Resultater an der Mathematik.
Melomania – Ensemble Crescendo
Titulaire du cours: Marc Parrasch
Wochendag:à déterminer
Horaire: à déterminer
Sall / Plaz: Villa Koch
Maximal Schülerunzuel: 16
Zilsetzungen an Objektiver vum Cours
Dëst ass e klengen, dofir awer performante, Gesangsensemble. Hei gëtt fir de Melomania ageprouft.
Fir matwierken ze dierfen, muss ee virsange kommen an do seng Stëmm esou gutt wéi méiglech presentéieren, awer och säi Kënnen an der Lecture à vue an am Gehörtraining virweisen.
Zilpublikum: 7e bis 1re

Melomania – Harmonie LGE
Titulaire: Parrasch Marc
Wochendag: à déterminer
Horaire: à déterminer
Sall / Plaz: Villa Koch
Maximal Schülerunzuel: 50
Zilsetzungen an Objektiver vum Cours:
Dëst ass de groussen Orchester, an deem sech op de Melomania virbereet gëtt.
Prinzipiell sinn all gängeg Instrumenter gefrot, et ginn allerdéngs just limitéiert Plaze fir Pianisten.
Zilpublikum: 7e bis 1re

Mérite Jeunesse
Familljennumm vum Titulaire / vun den Titulairë vum Cours: Breckler/ Mastropietro/ Reimen/ Zovilé
Virnumm vum Titulaire / vun den Titulairë vum Cours: Christine/ Julia/ Pia/ Isabelle
Wochendag:/
Horaire: Et besteet kee festen Dag, mee an Ofsprooch mat de Schülerinnen a Schüler fënnt zwee- oder dräimol am Trimester een Treffe statt.
Sall / Plaz: Sall 120
Maximal Schülerunzuel: n. d.
Zilsetzungen an Objektiver vum Cours:
Du wëlls gäre beim Mérite Jeunesse matmaachen an nei Erfarunge sammelen? Dech am Benevolat engagéieren, en neit Talent oder eng nei Sportaart ausprobéieren a mat anere Participanten eng Expeditioun mat Zelt a Rucksak ënnerhuelen? Da mell dech bei eis: mir ënnerstëtzen dech op dengem Wee zum bronzenen, sëlweren oder gëllenen Ofzeechen!
Zilpublikum: Schülerinnen a Schüler vu 14 Joer un

Schach
Titulaires du cours: Jean-Paul Goerens
Horaires: Lundi, 14h25 – 15h15
Salle/ Lieu: 114
Nombre maximal d’élèves: 18
Finalités et objectifs du cours:
- Aféierung an d‘Schachspill fir Ufänger
- adequat Exercicë fir déi, déi scho spille kënnen,
- Participatioun un de Schoulschach-Turnéieren (7 bis 8 am Schouljoer)
Public cible:
7e bis 1re

SkillsTruck
Titulaires: /
Wochendag: Donneschden
Horaire: 14:25-16:10
Sall / Plaz: Lycée Technique Lallange (Transport vum LGE aus organiséiert)
Maximal Schülerunzuel: 8
Zilsetzungen an Objektiver vum Cours:
An engem SkillsTruck, engem impressionante Camion-Atelier, deen um Site vum Lycée Technique Lallange (LTL) stationéiert ass, hues du eng eege Wierkbänk an all dat néidegt Geschier an Outilen zur Verfügung, fir deng Projeten ëmzesetzen. Dobäi gëss du vun engem Fachmann encadréiert. Virkenntnesser si keng néideg.
Et ass méiglech, dëse Cours facultatif wärend dräi Trimester ze besichen oder wärend ee bis zwee Trimester.
Workshop Kachen & Pâtisserie (1. Trimester)
Mat der Hëllef a Berodung vun engem Fachmann léiers du verschidde Kach- a Baktechniken kennen, fir séiss a salzeg Preparatiounen hierzestellen.
Workshop Coiffure & Esthétique (2. Trimester)
Du hues eng eegen Aarbechtsplaz an all déi néideg Accessoiren zur Verfügung, fir komplett Stylings (Hoer a Make-up) ëmzesetzen. Du kriss en ëmfaassenden Abléck an d‘Beruffer aus dem Beräich Schéinheet a léiers d‘Grondlage vum Image a vun der Berodung kennen – ëmmer begleet vun de Rotschléi vun engem Fachmann.
Workshop Holz & Metall (3. Trimester)
Du baus, schaffs a bastels gär a wëlls verstoen, wéi Géigestänn hiergestallt ginn?
Du schaffs eleng oder am Team a gesäis deng Fortschrëtter vu Woch zu Woch. Holz seeën, schläifen a montéieren, Metall schneiden, bueren a béien – dat wäert geschwë keng Schwieregkeete méi fir dech duerstellen.
Zilpublikum: 7e bis 1re
Stressfräi – Entspanungscours fir méi Rou am Alldag
Familljennumm vum Titulaire / vun den Titulairë vum Cours: Schmit
Virnumm vum Titulaire / vun den Titulairë vum Cours: Lynn
Wochendag: Mëttwoch
Horaire: 14:25-15:15 (De Cours fënnt vum 11. November 2026 bis den 3. Februar 2027 statt.)
Sall / Plaz: Villa Koch
Maximal Schülerunzuel: 7
Zilsetzungen an Objektiver vum Cours:
Am Cours befaasse mer eis mam Thema „Stress“, d‘Auswierkungen dovunner op eist Wuelbefannen a léieren och d‘Method vun der progressiver Muskelrelaxatioun (nom Edmund Jacobson) kennen. Dës kann ee selbstänneg an akute Stresssituatiounen (Prüfungen, Examen asw.) uwenden. D‘geziilt Übe vun der progressiver Muskelrelaxatioun am Alldag dréit zu engem emotionalen Equiliber bäi.
Et handelt sech ëm en interaktive Cours, bei deem et wichteg ass, ze participéieren a sech ënnerteneen auszetauschen. Ausserdeem ass déi progressiv Muskelrelaxatioun eng Zort Training, wou et och drëms geet, d‘Übungen eegestänneg a reegelméisseg doheem ëmzesetzen.
Zilpublikum: vu 7e bis 5e
Bei Froe steet de SePAS gären zur Verfügung.

Activités de la section sportive
Les professeurs d’éducation physique vous renseigneront sur l’organisation des activités de la section sportive.
- lundi : 12h35-13h25 Fitness
- lundi : 12h35-13h25 Football (S. Seywert)
- mardi : 11h45-12h35 Fitness
- mercredi : 11h45-12h35 Badminton (T. Hutmacher)
- mercredi : 12h35-13h25 LASEL Danse / Gym (L. Jankowski)
- jeudi : 11h45-12h35 Handball (J. Reiter)
- jeudi : 13h00-17h00 LASEL
- vendredi : 11h45-12h35 : Basketball (N. Lamborelle)
- vendredi : 14h25-15h10 : Volleyball (B. Fernandes)
